All Woch nei Impulser
Mäi Content leeft iwwer véier Kanäl: Instagram, TikTok, Facebook an de WhatsApp-Kanal. Kloer, kuerz an op Lëtzebuergesch — all Woch eppes Neies.
Motivatioun, Disziplin an Erfolleg — op Lëtzebuergesch. Kloer Impulser, déi dech vun der Ausried an d'Handlung bréngen.
Du hues net just eng Websäit opgemaach — du hues den éischte Schrëtt gemaach, fir un dir ze schaffen. Dat ass net wéineg.
Vill Leit denken driwwer no, wéi si méi Fokus, méi Disziplin oder méi Vertrauen an sech selwer kéinte kréien. Mee just e puer zéien et wierklech duerch.
Ech war iwwer 40 Joer laang an dëser Bubble: onglécklech mat menger Situatioun, onzefridde mam Job, alldeeglech Ängschten, déi mäi Liewe bestëmmt hunn. Mat klenge Schrëtt sinn ech do erauskomm — an hunn d'Entscheedung getraff, bei mir selwer unzefänken.
Genau dat fënns du hei: keng grouss Verspriechen vun engem Dag op deen aneren, mee eng Erkenntnis haut, eng Gewunnecht muer, eng Entscheedung, déi sech no den Ziler riicht. Op Lëtzebuergesch, well eng Sprooch, mat där s du opgewuess bass, méi no un d'Häerz geet.
Glécklech sinn ass net eppes, wat vu selwen kënnt — et ass eng Entscheedung.
E klengen Impuls fir tëschenduerch — an ab Februar och Begleedung mat Hypnos.
Gedanken an Impulser fir tëschenduerch — all Woch nei op Instagram, TikTok a Facebook.
Content entdeckenAm Dezember a Januar maachen ech meng Ausbildung als Hypnotiseur — duerno kann ech dech och op dësem Wee ënnerstëtzen.
Méi doriwwerPraktesch Impulser op Lëtzebuergesch fir méi Disziplin, Selbstvertrauen a mental Stäerkt am Alldag.
Keng eidel Motivatiounssprëch. Nëmmen éierlech, ëmsetzbar Impulser — fir Leit, déi hiren Alldag mat méi Kloerheet a manner Stress liewe wëllen.
All Dag e klengen Impuls, eng konkret Aufgab an eng Reflexiounsfro. Du kriss de gratis PDF direkt an deng Mailbox.
Ukucken →Suivéier de LËTZMINDSET-Kanal fir kuerz Impulser direkt op dengem Telefon.
Kanal bäitrieden →Mindset Training 7 Deeg
All Dag e klengen Impuls, eng konkret Aufgab an eng Reflexiounsfro.
Hypnos ass en natierlechen Zoustand, an deem s du besonnesch entspaant a gläichzäiteg ganz opmierksam bass.
Du kenns dat aus dem Alldag: Du fiers Auto an denks un eppes ganz aneres, an op eemol bass de doheem. Oder du bass sou an e Buch verdéift, datt s de d'Zäit ronderëm dech vergëss.
Genau an deem Zoustand ass däin Ënnerbewosstsinn opmierksam. An do ass dat, wat dech ëmmer erëm ausbremst: al Gewunnechten, Iwwerzeegungen iwwer dech selwer, Reaktiounen déi automatesch oflafen, ouni datt s du se bewosst wëlls.
Hypnos ass keng Zauberei. Mee et ass e Wee, fir un déi Plaz ze kommen, wou Verännerung wierklech ufänkt. Typesch Theme sinn:
Vill Leit kennen Hypnos nëmme vun der Bün, wou ee Meeschter Hénger imitéiert. Domat huet dat hei näischt ze dinn.
Weder Mindset-Training nach Hypnos ersetzen eng Therapie oder eng medezinesch Behandlung.
Wat s du bei LËTZMINDSET fënns, ass Ënnerstëtzung fir däin Alldag: kleng Schrëtt, nei Gewunnechten, en anere Bléck op dech selwer. Dat ka vill beweegen — mee et ass eppes anescht wéi eng Therapie.
Wann s du ënner enger psychescher oder kierperlecher Krankheet leits, wann s du an enger Kris bass oder ëmmer erëm däischter Gedanken hues, da went dech w.e.g. un däin Dokter oder u Fachpersonal. Dat ass keng Schwächt — dat ass genee dee richtege Schrëtt.
Hypnos a Mindset-Aarbecht kënnen eng Begleedung sinn. Se sinn awer keen Ersatz.
Am Dezember a Januar maachen ech meng Ausbildung als Hypnotiseur. Ab Februar kann ech dech dann och op dësem Wee ënnerstëtzen — zousätzlech zu deem, wat s du elo scho bei LËTZMINDSET fënns.
Ech halen dech natierlech um Lafenden.
Mell dech un, an du kriss als éischt Bescheed, wann s de reservéiere kanns.
Hal mech um Lafenden →Mäi Content leeft iwwer véier Kanäl: Instagram, TikTok, Facebook an de WhatsApp-Kanal. Kloer, kuerz an op Lëtzebuergesch — all Woch eppes Neies.
Ech war iwwer 40 Joer laang an enger Bubble.
Onglécklech mat mengem Liewen, onzefridde mam Job, alldeeglech Ängschten, déi mäi Liewe bestëmmt hunn. An trotzdeem hunn ech jorelaang näischt geännert.
Déi Fro, déi ech mir haut nach stellen: Wisou hunn ech esou gelieft, obwuel ech wosst, datt ech net glécklech war?
Meng Äntwert: d'Komfortzon.
Dat kléngt fir d'éischt widderspréchlech. Ech soen ech war onglécklech – a sinn awer bliwwe wou ech war? Jo. Well eng Komfortzon net heescht, datt et engem gutt geet. Et heescht just, datt ee bei deem bleift, wat ee kennt, an do, wou een sech sécher fillt.
Mir liewen all e Liewen, vun deem mir mengen, datt et dat richtegt ass. Mir kruten dat mat op de Wee vun den Elteren, vu Leit aus der Famill, aus der Schoul:
„Maach deng Schoul, géi schaffen, grënn eng Famill, sief e gudde Mënsch."
An mir soen eis: Jo, dat schéngt richteg ze sinn. All Mënsch mécht et jo esou.
Verstéi mech net falsch. Dee Wee ass net de falschen. Et gëtt kee Richteg a kee Falsch. Et gëtt just eng Fro, déi een sech éierlech stelle muss: Sinn ech glécklech?
Dat heescht net, datt ee muer säi Partner verléisst oder säi Job hischmäisst, well een denkt, da géif een direkt méi glécklech ginn. Esou funktionéiert dat net.
Ech hu laang gemengt, ech misst just meng Ëmstänn änneren. Oder d'Leit ronderëm mech. Mäi Liewenspartner, dee mech net versteet. Mäi Chef, dee mengt, hie wéisst alles besser. Meng Mamm, déi mer e schlecht Gewësse mécht.
Dat klappt net.
Well een aneren änneren ze wëllen heescht am Fong: Ech mengen, ech wier besser wéi hien. Ech beurteelen hien op Grond vun eppes, wat hien no menger Meenung schlecht mécht.
Dat ass ee vun de wichtegste Punkten am Mindset-Training: den aneren net ze beurteelen, mee sech ze froen, wisou hien sou ass. Vläicht weess hien et net besser. Vläicht huet hien et sou an der Kandheet bäibruecht kritt. Vläicht reagéiert hien esou wéinst den Erfarungen, déi hie gemaach huet.
An da kënnt déi Fro, déi bei mir am meeschte geännert huet:
„Wien stéiert et dann?"
D'Äntwert ass kloer: Mech!
Ass dat seng Schold? Nee. Et stéiert mech, well ech zouloossen, datt et mech stéiert. A sinn ech dann iwwerhaapt perfekt? Vläicht kënnt seng Reaktioun jo och dovun, datt ech falsch reagéieren.
Glécklech sinn ass näischt, wat vu selwe kënnt. Et ass eng Entscheedung!
Ech hu mäi Liewen net vun engem Dag op deen anere geännert, mee mat klenge Schrëtt. Eng Erkenntnis haut, eng Gewunnecht muer, eng Entscheedung, déi sech no mengen Ziler riicht.
Dat dauert. Do brauch ee Gedold – och mat sech selwer. Mee et geet.
An du wäerts eppes gesinn: wann s du dech weiderentwéckels, entwéckelen sech ganz oft d'Leit ronderëm dech mat. Wann s du positiv denks, ännert sech deng Energie. Vill Leit ronderëm dech spieren dat – an du kriss et vun hinnen zréck.
Leider wäerts de och mierken, datt net all Leit op dengem Wee matzéie wëllen oder kënnen. Da muss du, deemno wéi, dës Persoune lassloossen. Dat gehéiert och zum Mindset: Persounen hannert sech ze loossen, bei deenen s du mierks, datt s du a hirer Géigewaart kleng bleifs.
Du wiels dech selwer.
Wann s du bis hei gelies hues an dech dran erëmfënns, hues du schonn en entscheedende Virdeel: Du hues erkannt, datt s du eppes un dengem Liewen an dengem Mindset ännere wëlls.
Bei LËTZMINDSET fënns du keng grouss Verspriechen, déi dech vun engem Dag op deen anere komplett änneren. Ech gleewen u kleng, kloer Schrëtt.
Stäerk däi Mindset. Du bass et wäert!
Fir Froen, Feedback oder wann s de mir eppes wëlls erzielen — ech liesen alles.